.png)

Komplett Immobilieverwaltung fir Är Zefriddenheet
Eis Firma bitt eng ëmfaassend Verwaltung- a Finanzmanagement fir Är Immobilie, inklusiv der Budgets Erstellung Käschtenopdeelung an der Organisatioun vum Assemblée générale.
Mir suergen dofir, datt all d'Veruerdnungen agehale ginn a këmmeren eis ëm d'regulär Instandhaltung. Am Fall vu Schied, wéi zum Beispill Waasserschied oder Bränn, reagéiere mir schnell an iwwerhuelen d'ganz Schied Ofwécklung.
Fir d'Verloune vun Ären Immobilie suerge mir fir d'Loyer- a Niewenkäschtenofrechnung a passen d'Loyer'en esou un datt Är Investitioun rentabel bleift. Mir garantéieren d'anhale vun de gesetzleche Bestëmmungen an de Kontrakter a iwwerhuele d'technesch Verwaltung, d'Wartungsaarbechten a Reparaturen, fir d'Funktiounsfäegkeet vun Ärer Immobilie ze garantéieren.
Duerch eng suergfälteg Auswiel vun de Locataire a professionell Betreiung suerge mir fir eng reiwungslos Kommunikatioun tëscht dem Proprietaire de Locataire an eisem Team, fir eng laangfristeg a zefridde Mieterschaft z'erreechen.

Verwaltung an Finanzmanagement
Eis Firma iwwerhëlt d'ganz Verwaltung a Finanzmanagement vun Ärer Immobilie, inklusiv der Erstelle vu Budgetspläng, der Käschtenopdeelung an der Organisatioun vum Assemblée générale Mir suerge fir eng effizient Ëmsetzung vun de Virschrëften an der regulärer Instandhaltung, sou datt Dir Iech op aner Saache konzentréiere kënnt.
Gestioun locative
Mir këmmeren eis ëm d'Verlounen a Verwaltung vun Ären Immobilie. Dat ëmfaasst d'Kontroll vun den Loyer'en d'Ofrechnung vun den Niewekäschten d'regulär Upassung vun de Loyer'en Mir iwwerhuelen all administrativ Aufgaben a garantéieren, datt Är Investitioun rentabel a gutt verwalt gëtt.
Wartung an technesch Verwaltung
Mir iwwerhuelen d'ganz technesch Verwaltung vun Ärer Immobilie, inklusiv der Wartung a Reparaturen an de gemeinschaftlech genotzte Beräicher. Eis regulär Ausschreiwungen an d'Auswiel vu qualifizéierte Déngschtleeschter suergen dofir, datt Är Ausgaben ënner Kontroll bleiwen an d'Technik ëmmer feelerfräi funktionéiert.
Schied - a Noutfäll Management
Am Fall vun Schied, wéi Waasserschied oder Bränn, iwwerhuelen mir d'Meldung an d'Behandlung vum Schied. Eis Team ass 24/7 erreechbar, fir am Noutsfall schnell ze reagéieren an Är Immobilie souwéi d'Sécherheet vun den Bewunner ze garantéieren.
Rechtlech Verwaltung a Kontrakter
Mir suergen dofir, datt Är Mietverträg ëmmer den aktuelle gesetzlechen Ufuerderungen entspriechen. Zousätzlech iwwerwaache mir rechtlech a steierlech Ännerungen an handele proaktiv beim Ausfall vum Loyer, fir rechtlech Streidereien ze vermeiden.
Locataire Auswiel a ClientsBetreiung
Mir iwwerhuelen d'suergfälteg Auswiel vun Äre Locataire a suergen dofir, datt just zouverlässeg Persounen an Är Immobilie anzéien. Mir suerge fir eng professionell Kommunikatioun an e reiwungslos Aarbechtsprozess tëscht dem Proprietaire de Locataire an eisem Team, fir eng laangfristeg a zefriddestellend Locatioun ze garantéieren.
Eng gutt Gestioun ass de Schlëssel fir eng wäertbestänneg an harmonesch Immobilie.
Eng Perséinlech Ufro stellen
Hutt Dir net d'passend Offer fonnt? Dann schéckt eis Är Ufro gär hei.
.png)
.png)




.png)
